Episodes

  • Episod 106 - Froen an Diskussioune Part 3
    Jul 6 2025
    Et ass scho bal eng alljärlech Traditioun, dass mir eis virun de Mikro setzen a Froe stellen iwwert True Crime am Allgemengen an dodriwwer diskutéieren. Dofir ass hei den 3. Part vun eiser Froen- an Diskussiounsronn. Zeck net a beäntwert eis gären déi gestallte Froe selwer mat enger Noricht. Vläicht hues du och eng Äntwert zu Froen, bei deene mir net wosste wat soen.
    Show more Show less
    38 mins
  • Episod 105 - Albert Fish - The Greyman
    Jun 15 2025
    An dëser Episod huele mir dech mat an de Fall vum Albert Fish – engem vun de grausaamsten Täter an der US-Kriminalgeschicht. Hie war net nëmmen ee Seeriemäerder, mee war och ee Sadist, ee Kannibal an ee reliéise Fanatiker. Mir zéien duerch säi Liewen – vu sengem traurege Start bis zu senge makabere Verbriecher.
    Show more Show less
    48 mins
  • Episod 104 - D'Amokfaart vun Tréier
    Jun 1 2025
    Am Dezember 2020 ass zu Tréier een 51 Joer ale Mann mat sengen SUV duerch d'Foussgängerzone gefuer. Hei huet et sech also ëm eng sougenannten Amokfaart gehandelt. Mat dëser Faart huet de Mann siwe Mënschen ëmbruecht a weider Persounen deelweis schwéier bis liewensgeféierlech blesséiert. Mir schwätzen iwwert dës Dot an och iwwert ee potenzielle Grond, deen zu dëser Dot gefouert huet. Des Weidere kucke mir dodrop wéi eng Auswierkungen dës Dot op d'Chrëschtmäert hat.
    Show more Show less
    37 mins
  • Den Happy-Face-Killer
    May 18 2025
    An dëser Episod vu Loscht op Mord geet et ëm de Keith Hunter Jesperson, ee Camionschauffeur, deen duerch seng Ënnerschrëft op Bréiwer den Numm Happy-Face-Killer krut. Tëschent 1990 an 1995 huet hien an de ganzen USA verdeelt eng Serie vu brutale Morden u Frae begaangen. Trotz senge bizarre Bréiwer un d'Medien - ënnerschriwwe mat engem Smiley - war et de Mord u senger Ex-Frëndin, dee schliisslech zu der Iwwerféierung gefouert huet. Mir kucken eis seng Kandheet un an analyséieren d'Mordserie, sou wéi déi psychologesch Dynamik hannert sengem Handele.
    Show more Show less
    44 mins
  • Episod 102 - De Fall Pelicot
    May 4 2025
    Am Joer 2020 ass de systematesche Mëssbrauch um Gisèle Pelicot duerch hire Mann opgeflunn. Hei war allerdéngs net nëmmen dem Gisèle säi Mann als Täter verantwortlech, mee iwwer 50 weider Täter waren dodru bedeelegt a géint si goufen och Plainte gemaach. D'Gisèle wollt, dass de Prozess ëffentlech gemaach gëtt, well esou wollt si allen Affer weisen, dass een sech als Affer vun engem Mëssbrauchsfall net ze schumme brauch. De Feeler läit beim Täter a net beim Affer. Dëse Prozess gëtt zu engem risege Prozess mat iwwer 50 Persounen, déi mat Plainte musse rechnen. Dorënner och den Dominique Pelicot, deen seng Fra reegelméisseg ënner Droge gesat huet an si den Täter ugebueden huet. Alles zum Fall an der neier Episod Loscht op Mord.
    Show more Show less
    59 mins
  • Episod 101 - Geplatzten Dram an Norwegen
    Apr 6 2025
    Am Joer 2008 wanderen den Thomas an d'Agnes mat hire béide Kanner an Norwegen aus. Hei wëllen si sech en neit Liewen opbauen. Dëst klappt och relativ gutt, den Thomas an d'Agnes fannen nei Jobs, si kafen een Haus an de Kanner geet et gutt. Mee d'Agnes huet seng Schwieregkeete mam Führerschäin, mat der Sprooch an ass net méi sou glécklech do. Dëst alles féiert dozou, dass hatt erëm an Däitschland wëll auswanderen, den Thomas wëll dat awer net. Sou kennt et, dass ëm Ouschteren d'Agnes verschwënnt a kuerz drop gëtt seng Läich an engem Fjord fonnt. Wéi ass et zu dësem Doud komm? Dat gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.
    Show more Show less
    36 mins
  • Episod 100 - Mord am Schlof?
    Mar 23 2025
    De 16. Januar 1997 gëtt den Noper vun der Famill Falater duerch Kaméidi a Jäize wakereg. Wéi Dësen dann iwwert d'Clôture bei d'Nopere kuckt, gesäit hie Schréckleches. Den 41 Joer ale Scott Falater bréngt seng Fra am Gaart ëm. Mee wéi d'Police kennt kann de Scott sech un näischt erënneren? Alles déit op Schlofwandelen hin. Mee ass dat et wierklech de Fall? Oder ass dat nëmmen eng ausgefalen Ausried? Alles an dëser Episod vu Loscht op Mord.
    Show more Show less
    48 mins
  • Episod 99 - De Fall Sarah H.
    Mar 9 2025
    Am Summer 2016 gëtt d Police geruff well ee Mann moies um 6 Auer plakesch Trompet am Gaart spillt. Dëse Mann ass keen Onbekannten, d'Nopere ruffen ëmmer rëm mol d Police wéinst dem Axel G. Mee wéi d'Beamten dës Kéier bei d'Haus kommen, ass et anescht wéi soss, et sténkt, all Fënster an d'Dier stinn op an et sténkt extrem. Am Buedzëmmer fannen se dann eng Läich, d'Iwwerreschter vum Sarah H. Wien ass d'Sarah H.? Firwat ass hatt dem Axel G. zum Affer gefall? A wien ass den Axel G.? Wat huet hien zu dëser Dot gedriwwen? Alles dat an dëser Episod vu Loscht op Mord.
    Show more Show less
    57 mins