Loscht op Mord Podcast By Charel Krier Julie Gerard cover art

Loscht op Mord

Loscht op Mord

By: Charel Krier Julie Gerard
Listen for free

About this listen

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.Eldoradio True Crime
Episodes
  • Episod 106 - Froen an Diskussioune Part 3
    Jul 6 2025
    Et ass scho bal eng alljärlech Traditioun, dass mir eis virun de Mikro setzen a Froe stellen iwwert True Crime am Allgemengen an dodriwwer diskutéieren. Dofir ass hei den 3. Part vun eiser Froen- an Diskussiounsronn. Zeck net a beäntwert eis gären déi gestallte Froe selwer mat enger Noricht. Vläicht hues du och eng Äntwert zu Froen, bei deene mir net wosste wat soen.
    Show more Show less
    38 mins
  • Episod 105 - Albert Fish - The Greyman
    Jun 15 2025
    An dëser Episod huele mir dech mat an de Fall vum Albert Fish – engem vun de grausaamsten Täter an der US-Kriminalgeschicht. Hie war net nëmmen ee Seeriemäerder, mee war och ee Sadist, ee Kannibal an ee reliéise Fanatiker. Mir zéien duerch säi Liewen – vu sengem traurege Start bis zu senge makabere Verbriecher.
    Show more Show less
    48 mins
  • Episod 104 - D'Amokfaart vun Tréier
    Jun 1 2025
    Am Dezember 2020 ass zu Tréier een 51 Joer ale Mann mat sengen SUV duerch d'Foussgängerzone gefuer. Hei huet et sech also ëm eng sougenannten Amokfaart gehandelt. Mat dëser Faart huet de Mann siwe Mënschen ëmbruecht a weider Persounen deelweis schwéier bis liewensgeféierlech blesséiert. Mir schwätzen iwwert dës Dot an och iwwert ee potenzielle Grond, deen zu dëser Dot gefouert huet. Des Weidere kucke mir dodrop wéi eng Auswierkungen dës Dot op d'Chrëschtmäert hat.
    Show more Show less
    37 mins
No reviews yet